Perl
Perl lb: Pärel | |
---|---|
![]() | |
| |
Aussprooch | |
Land | Däitschland |
Bundesland | Saarland |
Krees | Merzig-Wadern |
Awunner | 8.905 (31. Dezember 2023) |
Fläch | 75,24 km² |
Héicht | 278 m |
Koordinaten | 49°28'25"N, 6°23'6"O |
Telefonszon | 06867 |
Postcode | 66706 |
Websäit | https://perl.saarland/ |
![]() | |
![]() | |
Perl (lb: Pärel, lokal och Pierel) ass eng däitsch Uertschaft a Gemeng bei der Musel am Landkrees Merzig-Wadern am Saarland. Bei de Lëtzebuerger ass Perl haaptsächlech bekannt duerch hir grouss verschiddenaarteg Akafszentren.
D'Gemeng huet iwwer 9.000 Awunner.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Perl läit am Dräilännereck Däitschland-Frankräich-Lëtzebuerg riets vun der Musel. Op der lénkser Muselsäit läit Lëtzebuerg mat den Uertschaften Schengen a Réimech. D'Gemeng Perl gëtt am Westen (Gemarkunge Besch, Nenning a Perl) vun der Musel begrenzt, déi do d'Grenz mat Lëtzebuerg mécht. Am Süde stéisst d'Gemeng u Frankräich (Loutrengen) mat den Uertschaften Apach, Belmach a Merschweiller, am Norden u Rheinland-Pfalz. Den ëstleche Noper ass d'Gemeng Mettlach. Den héchste Punkt vun der Gemeng ass de „Schneeberg“ zu Eft (429 m iwwer NN), op der un der franséischer Grenz.
Gemengeglidderung
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Perl ass a 14 Uertschaften opgedeelt, déi zu 11 Gemengebezierker gehéieren. Awunnerzuele Stand 31. Dezember 2010:[1]
Uertschaft | Fläch | Awunner |
---|---|---|
Besch | 7,82 km² | 1.304 |
Borg | 7,98 km² | 390 |
Büschdorf | 4,23 km² | 303 |
Eft-Hellendorf | 9,92 km² | 312 |
Keßlingen | 2,34 km² | 126 |
Münzingen | 1,78 km² | 50 |
Nennig | 9,73 km² | 1.149 |
Oberleuken | 7,14 km² | 544 |
Oberperl | 3,05 km² | 483 |
Perl | 2,96 km² | 2.129 |
Sehndorf | 2,73 km² | 227 |
Sinz | 6,72 km² | 331 |
Tettingen-Butzdorf | 4,77 km² | 374 |
Wochern | 3,88 km² | 188 |
Total | 75,06 km² | 7.910 |
Oberleuken, Keßlingen a Münzingen souwéi Tettingen-Butzdorf a Wochern si jee e kollektive Gemengebezierk, déi iwwereg Gemengebezierker si mat den Uertschaften identesch.

Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Siidlungsspueren aus der Mëttelstengzäit fënnt een zu Perl an Ëmgéigend geneesou wéi Graffelder aus der Bronze- an Eisenzäit. Keltesch Uertsnimm an réimesch Bauwierker beleeën d'Attraktivitéit vun der Standplaz zu allen Zäiten. Déi réimesch Villa zu Nennig staamt aus dem 4. Joerhonnert a gouf wuel bei der Normanneschluecht 882 zerstéiert. Mëttelalterlech Buergen a Kierche si weider Zeie vun enger beweegter Vergaangenheet. Déi eelst schrëftlech Nennunge stamen aus dem 9. Joerhonnert. D'Gebitt hat zu Tréier, Lëtzebuerg, Loutrengen, Frankräich an zum Räich vun den Habsburger gehéiert. Nom Wiener Kongress gouf Perl preisesch, eréischt vun 1946 un gouf et saarlännesch. Am Zuch vun der Gebittsreform am Ufank vun den 1970er gouf, aus de 14 bis dohi selbstännege Gemengen, d'Groussgemeng Perl.
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend
[änneren | Quelltext änneren]- Réimesche Mosaik vun Nennig
- Rekonstruéiert Réimesch Villa Borg
- Museldall
- Palais vun Nell a Park vun Nell
- Krichsgriewerplaz Besch
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Perl (Mosel) – Biller, Videoen oder Audiodateien |