Apple Magic Mouse
| Apple Magic Mouse | ||
|---|---|---|
| Hiersteller: | Apple | |
| Type: | Maus | |
| Virstellung: | 20. Oktober 2009 | |
| Connexioun: | Bluetooth | |
| Virgänger: | Apple Mighty Mouse | |
D'Apple Magic Mouse ass eng optesch Computermaus vun Apple déi ouni Kabel funktionéiert. Se gouf den 20. Oktober 2009 virgestallt a fir d'éischt verkaf. Ausserdeem ass se den Nofollger vun der Apple Mighty Mouse an ass déi éischt Maus déi Multi-Touch beherrscht, wat et méiglech mécht fir Gesten ze benotzen.
Funktioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Magic Mouse huet eng Multi-Touch-Uewerfläch, die mam iPhone-Screen oder mam Macbook Trackpad ka verglach ginn. Et scrollt een doduerch, datt een e Fanger op der Maus op-, of- a säitlech beweegt, wat et och méiglech mécht fir 360-Grad-Beweegungen ze maachen.
Virdeeler
[änneren | Quelltext änneren]Well d'Magic Mouse keng mechanesch Deeler huet, kann et net méi virkommen datt et duerch Verschmotzung zu enger Disfunktion von der Scrollfunktioun kënnt, wéi et beim Virgängermodell de Fall war.