Op den Inhalt sprangen

Lëscht vun de Staate vun der Welt

Vu Wikipedia
Weltkaart mat alle Staate vun der Welt

Dës Lëscht vun de Staate vun der Welt ass en Deel vun de Referenztabellen a weist déi aktuell 205 Länner vun der Welt mam kompletten Numm, der Memberschaft an der Europäescher Unioun oder der Afrikanescher Unioun, der Haaptstad, der Bevëlkerung an der Fläch. Se begräift:

  • 193 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen (VN),
  • 2 net-Memberen: Palestina an d'Vatikanstad, déi awer de Statut vun engem Observateur vun de VN (United Nations General Assembly observer) hunn,
  • 10 Staaten, Natiounen, Länner oder Gebidder, deenen hir Eegenschaft als Staat ëmstridden ass.

De Vereenten Natiounen no, hunn aktuell 195 Länner de Statut fir vëlkerrechtlech als „Staat“ unerkannt ze ginn: déi 193 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen, den Hellege Stull (Vatikanstad) a Palestina. Fir zéng aner Territoiren ass de Statut ëmstridden, woubäi zwee vun dëse Gebidder sech an enger fräier Associatioun mat engem anere Staat autonom verwalten (d'Cookinselen an Niue mat Neiséiland).

A verschiddene Länner sinn d'Haaptstad an de Regierungssëtz getrennt, wéi z. B. an Holland: Amsterdam ass de jure d'Haaptstad, awer de Regierungssëtz ass de facto zu Den Haag. Eng änlech Situatioun gëtt et op der Côte d'Ivoire, wou Yamoussoukro zënter Mäerz 1983 offiziell d'Haaptstad ass, déi meescht Regierungsbüroen an Ambassaden awer nach ëmmer an der fréierer Haaptstad Abidjan sinn, wat domat de facto de Regierungssëtz an de politeschen Zentrum vum Land bleift.

Aner Staaten hunn nëmmen eng de facto Haaptstad: Monaco, Nauru, d'Schwäiz, Singapur a Vatikanstad hu keng de jure Haaptstad.

D'Situatioun am Jemen ass problematesch. Sanaa ass de jure d'Haaptstad; nodeems d'Stad 2015 vun den Houthi-Rebelle besat gouf, ass den deemolege President op Aden geflücht an huet d'Stad zur interim-Haaptstad erkläert.

Och an Israel ass d'Situatioun komplizéiert. Iwwerdeems Israel dat nees vereenegt Jerusalem zënter 1980 als Haaptstad bezeechent (Jerusalemgesetz), huelen déi meescht Staaten d'Ausdeenung vun de Stadgrenze bis op Ostjerusalem net un an dofir sinn déi meescht auslännesch Ambassaden zu Tel Aviv. D'Parlament an d'Regierung hunn hire Sëtz awer zu Jerusalem.

Palestina bezeechent Ostjerusalem als seng Haaptstad, Ramallah ass awer de Sëtz vun der Regierung.

A Japan dogéint gëtt et eng Partikularitéit: d'Stad Tokio gouf 1943 opgeléist, an d'Haaptstadfunktioun ass vun den 23 Quartiere vun Tokio - déi als onofhängeg Stied ugesi ginn - iwwerholl ginn. Do dernieft ass et net kloer, ob Tokio och déi de jure d'Haaptstad ass, well d'Haaptstad ni explizitt oder offiziell vu Kyōto op Tokio gouf.

Awunnerzuelen

[änneren | Quelltext änneren]

D'Quell vun de Bevëlkerungszuelen ass - wann net anescht uginn - d' (de) Liste der Länder und Territorien nach Einwohnerzahl (Versioun vum 10. Mee 2025 (22:42)) déi hirersäits op den Donnéeë vun de Vereenten Natiounen opgebaut ass.

Fir déi jeeweileg Fläche matenee vergläichen ze kënnen, gouf eenheetlech d'CIA World Factbook benotzt. Wann déi Donnée net disponibel war, ass déi spezifesch Quell uginn.

Lëscht vun de Staaten

[änneren | Quelltext änneren]
Lëscht vun de Staate vun der Welt (Stand: Juli 2025)
Nr Staat oder Territoire EU/ AU Offizielle Staatsnumm Haaptstad Fläch [km²][1] Awunner Bemierkung
Abchasien Republik Abchasien Sochumi 4.163[2] 240.000 kee Member vun de VN
1 Afghanistan Islamescht Emirat Afghanistan Kabul 652.230 42.647.492
2 Albanien Republik Albanien Tirana 28.748 2.791.765
3 Algerien Demokratesch Volleksrepublik Algerien Algier 2.381.740 46.814.308
4 Andorra Fürstentum Andorra Andorra la Vella 468 81.938
5 Angola Republik Angola Luanda 1.247.000 37.885.849
6 Antigua a Barbuda Antigua a Barbuda Saint John's 441[3] 93.772
7 Argentinien Argentinesch Republik Buenos Aires 2.780.400 45.696.159
8 Armenien Republik Armenien Jerewan 29.743 2.973.840 VN-Member, limitéiert Unerkennung (Pakistan)
9 Aserbaidjan Republik Aserbaidjan Baku 86.600 10.336.577
10 Australien Australien Canberra 7.692.000 26.713.205
11 Bahamas Bahamas Nassau 13.880 401.283
12 Bahrain Kinnekräich Bahrain Manama 760 1.607.049
13 Bangladesch Volleksrepublik Bangladesch Dhaka 148.460 173.562.364
14 Barbados Barbados Bridgetown 430 282.467
15 Belize Belize Belmopan 22.996 417.072
16 Belsch Kinnekräich Belsch Bréissel 30.528 11.738.763
17 Benin Republik Benin Porto Novo 112.622 14.462.724
18 Bhutan Kinnekräich Bhutan Thimphu 38.394 791.524
19 Bolivien Plurinationale Staat Bolivien Sucre (de jure)
La Paz (de facto)
1.098.581 12.413.315
20 Bosnien an Herzegowina Bosnien an Herzegowina Sarajevo 51.197 3.164.253
21 Botswana Republik Botsuana Gaborone 581.730 2.521.139
22 Brasilien Federativ Republik Brasilien Brasília 8.515.770 211.998.573
23 Brunei Brunei Darussalam Bandar Seri Begawan 5.765 462.721
24 Bulgarien Republik Bulgarien Sofia 110.879 6.757.689
25 Burkina Faso Burkina Faso Ouagadougou 274.200 23.548.781
26 Burundi Republik Burundi Gitega 27.830 14.047.786
27 Cap Vert Republik Cap Vert Praia 4.033 524.877
28 Chile Republik Chile Santiago de Chile 756.102 19.764.771
29 China Volleksrepublik China Peking 9.596.960 1.419.321.278 VN-Member, limitéiert Unerkennung (vun 11 Staaten net unerkannt: Belize, Eswatini, Guatemala, Haiti, Marshallinseln, Palau, Paraguay, St. Kitts an Nevis, St. Lucia, St. Vincent an d'Grenadinnen, Tuvalu)
Cookinselen Cookinselen Avarua 236 13.729 kee Member vun de VN
30 Costa Rica Republik Costa Rica San José 51.100 5.129.910
31 Côte d'Ivoire Republik Côte d'Ivoire Yamoussoukro (de jure)
Abidjan (de facto)
322.463 31.934.230
32 Däitschland Bundesrepublik Däitschland Berlin 357.022 84.552.242
33 Dänemark Kinnekräich Dänemark Kopenhagen 43.094 5.977.412 inklusiv Grönland an de Färöer
34 Dominica Commonwealth Dominica Roseau 751 66.205
35 Dominikanesch Republik Dominikanesch Republik Santo Domingo 48.670 11.427.557
36 Dschibuti Republik Dschibuti Dschibuti 23.200 1.168.722
37 Ecuador Republik Ecuador Quito 283.561 18.135.478
38 Egypten Arabesch Republik Egypten Kairo 1.001.450 116.538.258
39 Éisträich Republik Éisträich Wien 83.871 9.120.813
40 El Salvador Republik El Salvador San Salvador 21.041 6.338.193
41 Equatorialguinea Republik Equatorialguinea Malabo (de jure)
Ciudad de la Paz (de facto)
28.051 1.892.516
42 Eritrea [4] Staat Eritrea Asmara 117.600 3.535.603
43 Estland Republik Estland Tallinn 45.228 1.360.546
44 Eswatini Kinnekräich Eswatini Mbabane (de jure)
Lobamba (de facto)
17.364 1.242.822
45 Ethiopien Demokratesch Bundesrepublik Ethiopien Addis Abeba 1.104.300 132.059.767
46 Fidschi Republik Fidschi-Inseln Suva 18.274 928.784
47 Finnland Republik Finnland Helsinki 338.145 5.617.310
48 Frankräich Franséisch Republik Paräis 551.500 66.548.530 just France métropolitaine, ouni d'Iwwerséigebidder an -Iwwerséidepartementer
49 Gabun Gabunesch Republik Libreville 267.667 2.538.952
50 Gambia Republik Gambia Banjul 11.300 2.759.988
51 Georgien Georgien Tiflis 69.700 3.807.670 inklusiv Abchasien a Südossetien
52 Ghana Republik Ghana Accra 238.533 34.427.414
53 Grenada Grenada St. George's 344 117.207
54 Griicheland Hellenesch Republik Athen 131.957 10.047.817
55 Guatemala Republik Guatemala Guatemala-Stad 108.889 18.406.359
56 Guinea [4] Republik Guinea Conakry 245.857 14.754.785
57 Guinea-Bissau Republik Guinea-Bissau Bissau 36.125 2.201.352
58 Guyana Kooperativ Republik Guyana Georgetown 214.969 831.087
59 Haiti Republik Haiti Port-au-Prince 27.750 11.772.557
60 Holland Kinnekräich Holland Amsterdam (de jure) 41.543 18.228.742 ouni d'Iwwerséigebidder
61 Honduras Republik Honduras Tegucigalpa 112.090 10.825.703
62 Indien Republik Indien Nei-Delhi 3.287.263 1.450.935.791 inklusiv Kaschmir
63 Indonesien Republik Indonesien Nusantara 1.904.569 283.487.931
64 Irak Republik Irak Bagdad 438.317 46.042.015
65 Iran Islamesch Republik Iran Teheran 1.648.195 91.567.738
66 Irland Irland Dublin 70.273 5.262.009
67 Island Republik Island Reykjavík 103.000 393.396
68 Israel Staat Israel Jerusalem (de facto) 21.937 9.387.021 inklusiv de Golanhéichten, Ostjerusalem – ouni d'Gazasträif, Westjordanland
VN-Member, limitéiert Unerkennung (vun 30 Staaten net unerkannt: Afghanistan, Algerien, Bangladesch, Bolivien, Brunei, Dschibuti, Indonesien, Irak, Iran, Jemen, Katar, Komoren, Kuba, Kuwait, Libanon, Libyen, Malaysia, Malediven, Mali, Mauretanien, Niger, Nordkorea, Oman, Pakistan, Saudi-Arabien, Somalia, Syrien, Tunesien, Venezuela)
69 Italien Italieenesch Republik Roum 301.340 59.342.867
70 Jamaika Jamaika Kingston 10.991 2.839.175
71 Japan Japan Tokio 377.915 123.753.041
72 Jemen Republik Jemen Sanaa (de jure)
Aden (de facto)
527.968 40.583.164
73 Jordanien Haschimitescht Kinnekräich Jordanien Amman 89.342 11.552.876
74 Kambodja Kinnekräich Kambodja Phnom Penh 181.035 17.638.801
75 Kamerun Republik Kamerun Yaoundé 475.440 29.123.744
76 Kanada Kanada Ottawa 9.984.670 39.742.430
77 Kasachstan Republik Kasachstan Astana 2.724.900 20.592.571
78 Katar Staat Katar Doha 11.586 3.048.423
79 Kenia Republik Kenia Nairobi 580.367 56.432.944
80 Kirgisistan Kirgisesch Republik Bischkek 199.951 7.186.009
81 Kiribati Republik Kiribati South Tarawa 811 134.518
82 Kolumbien Republik Kolumbien Bogotá 1.138.910 52.886.363
83 Komoren Unioun vun de Komoren Moroni 2.235 866.628
84 Demokratesch Republik Kongo Demokratesch Republik Kongo Kinshasa 2.344.858 109.276.265
85 Republik Kongo Republik Kongo Brazzaville 342.000 6.332.961
Kosovo Republik Kosovo Pristina 10.887 1.684.790 kee Member vun de VN
86 Kroatien Republik Kroatien Zagreb 56.594 3.875.325
87 Kuba Republik Kuba Havanna 110.860 10.979.783
88 Kuwait Staat Kuwait Kuwait 17.818 4.934.507
89 Laos Demokratesch Volleksrepublik Laos Vientiane 236.800 7.769.819
90 Lesotho Kinnekräich Lesotho Maseru 30.355 2.337.423
91 Lettland Republik Lettland Riga 64.589 1.871.871
92 Lëtzebuerg Groussherzogtum Lëtzebuerg Lëtzebuerg 2.586 673.036
93 Libanon Libaneesesch Republik Beirut 10.400 5.805.962
94 Liberia Republik Liberia Monrovia 111.369 5.612.817
95 Libyen Libyen Tripolis 1.759.540 7.381.023
96 Liechtenstein Fürstentum Liechtenstein Vaduz 160 39.870
97 Litauen Republik Litauen Vilnius 65.300 2.859.110
98 Madagaskar Republik Madagaskar Antananarivo 587.041 31.964.956
99 Malawi Republik Malawi Lilongwe 118.484 21.655.286
100 Malaysia Malaysia Kuala Lumpur (de jure)
Putrajaya (de facto)
329.847 35.557.673
101 Malediven Republik Malediven Malé 298 527.799
102 Mali [4] Republik Mali Bamako 1.240.192 24.478.595
103 Malta Republik Malta Valletta 316 539.607
104 Marokko Kinnekräich Marokko Rabat 716.550 38.081.173 ouni Westsahara
105 Marshallinselen Republik Marshallinselen Majuro 181 37.548
106 Mauretanien Islamesch Republik Mauretanien Nouakchott 1.030.700 5.169.395
107 Mauritius Republik Mauritius Port Louis 2.040 1.271.169
108 Mexiko Vereenegt Mexikanesch Staaten Mexiko-Stad 1.964.375 130.861.007
109 Mikronesien Federéiert Staate vu Mikronesien Palikir 702 113.160
110 Moldawien Republik Moldau Chișinău 33.851 3.034.961 inklusiv Transnistrien
111 Monaco Fürstentum Monaco Monaco 2 38.631
112 Mongolei Mongolei Ulaanbaatar 1.564.116 3.475.540
113 Montenegro Montenegro Podgorica 13.812 638.479
114 Mosambik Republik Mosambik Maputo 799.380 34.631.766
115 Myanmar Unioun Myanmar Naypyidaw 676.578 54.500.091
116 Namibien Republik Namibia Windhoek 824.292 3.030.131
117 Nauru Republik Nauru Yaren (de facto) 21 11.947
118 Neiséiland Neiséiland Wellington 268.838 5.213.944 ouni Cookinselen an Niue
119 Nepal Demokratesch Bundesrepublik Nepal Kathmandu 147.181 29.651.054
120 Nicaragua Republik Nicaragua Managua 130.370 6.916.140
121 Niger [4] Republik Niger Niamey 1.267.000 27.032.412
122 Nigeria Bundesrepublik Nigeria Abuja 923.768 212.915.636
Niue Niue Alofi 260 1.819 kee Member vun de VN
123 Nordkorea Demokratesch Volleksrepublik Korea Pjöngjang 120.538 26.498.823 VN-Member, limitéiert Unerkennung (Südkorea)
124 Nordmazedonien Republik Nordmazedonien Skopje 25.713 1.823.009
Nordzypern Tierkesch Republik Nordzypern Nord-Nikosia 3.355 255.000[2] kee Member vun de VN
125 Norwegen Kinnekräich Norwegen Oslo 323.802 5.576.660 ouni Svalbard
126 Oman Sultanat Oman Maskat 309.500 5.281.538
127 Pakistan Islamesch Republik Pakistan Islamabad 796.095 251.269.164 ouni Asad Kaschmir a Gilgit-Baltistan
128 Palau Republik Palau Ngerulmud 459 17.695
Palestina Staat Palestina Ostjerusalem (de jure)
Ramallah (de facto)
5.860 5.495.443 kee Member vun de VN; vëlkerrechtlech Staatsqualitéit gëtt unerkannt
begräift Gazasträif, Westjordanland
129 Panama Republik Panama Panama-Stad 75.420 4.515.577
130 Papua-Neiguinea Onofhängege Staat Papua-Neiguinea Port Moresby 462.840 10.576.502
131 Paraguay Republik Paraguay Asunción 406.752 6.929.153
132 Peru Republik Peru Lima 1.285.216 34.217.848
133 Philippinnen Republik vun de Philippinnen Manila 300.000 115.843.670
134 Polen Republik Polen Warschau 312.685 38.539.201
135 Portugal Portugisesch Republik Lissabon 92.090 10.425.292
136 Ruanda Republik Ruanda Kigali 26.338 14.256.567
137 Rumänien Rumänien Bukarest 238.391 19.015.088
138 Russland Russesch Federatioun Moskau 17.098.242 144.820.423 ouni d'Gebidder vun der Süd- an Ostukrain, déi 2022 vu Russland annektéiert goufen
139 Saint Kitts an Nevis Federatioun Saint Kitts an Nevis Basseterre 261[5] 46.843
140 Saint Lucia Saint Lucia Castries 616 200.000[2]
141 Saint Vincent an d'Grenadinnen Saint Vincent an d'Grenadinnen Kingstown 389[6] 100.616
142 Salomonen Salomonen Honiara 28.896 819.198
143 Sambia Republik Sambia Lusaka 752.618 21.314.956
144 Samoa Onofhängege Staat Samoa Apia 2.831 218.019
145 San Marino Republik San Marino San Marino 61 33.581
146 São Tomé a Príncipe Demokratesch Republik São Tomé a Príncipe São Tomé 964 235.536
147 Saudi-Arabien Kinnekräich Saudi-Arabien Riad 2.149.690 33.962.757
148 CHECHE Schwäiz Schwäizeresch Eedgenossenschaft Bern (de facto) 41.277 8.921.981
149 Schweden Kinnekräich Schweden Stockholm 450.295 10.606.999
150 Senegal Republik Senegal Dakar 196.722 18.501.984
151 Serbien Republik Serbien Belgrad 77.474 6.736.216
152 Seychellen Republik Seychellen Victoria 455 130.418
153 Sierra Leone Republik Sierra Leone Freetown 71.740 8.642.022
154 Simbabwe Republik Simbabwe Harare 390.757 16.634.373
155 Singapur Republik Singapur Singapur 719 5.832.387
156 Slowakei Slowakesch Republik Bratislava 49.035 5.506.760
157 Slowenien Republik Slowenien Ljubljana 20.273 2.118.697
158 Somalia Republik Somalia Mogadischu 637.657 19.009.151 inklusiv Somaliland
Somaliland Republik Somaliland Hargeysa 137.600 3.500.000 kee Member vun de VN
159 Spuenien Kinnekräich Spuenien Madrid 505.370 47.910.526
160 Sri Lanka Demokratesch Sozialistesch Republik Sri Lanka Sri Jayawardenepura (de jure)
Colombo (de facto)
65.610 23.103.565
161 Südafrika Republik Südafrika Bloemfontein (Judikativ)
Kapstad (Legislativ)
Pretoria (Exekutiv)
1.219.090 64.007.187
162 Sudan [4] Republik Sudan Khartum 1.861.484 50.448.963
163 Südkorea Republik Korea Seoul 99.720 51.717.590 VN-Member, limitéiert Unerkennung (Nordkorea)
Südossetien Südossetien Zchinwali 3.885 51.000[2] kee Member vun de VN
164 Südsudan Republik Südsudan Dschuba 644.329 11.943.408
165 Surinam Republik Surinam Paramaribo 163.820 634.431
166 Syrien Arabesch Republik Syrien Damaskus 187.437 24.174.628 inklusiv de Golanhéichten
167 Tadjikistan Republik Tadjikistan Duschanbe 141.100 10.590.927
Taiwan Republik China Taipeh 35.980 23.213.962 kee Member vun de VN
begräift Taiwan, Penghu, Lan Yu, Lü Dao, Kinmen, Matsu, Taiping Dao an Dongsha
168 Tansania Vereenegt Republik Tansania Dodoma (de jure)
Daressalam (de facto)
947.300 68.560.157
169 Thailand Kinnekräich Thailand Bangkok 513.120 71.668.011
170 Tierkei Republik Tierkei Ankara 783.562 87.473.805
171 Timor-Leste Demokratesch Republik Timor-Leste Dili 14.874 1.400.638
172 Togo Republik Togo Lomé 56.785 9.515.236
173 Tonga Kinnekräich Tonga Nuku'alofa 747 104.175
Transnistrien Transnistresch Moldauesch Republik Tiraspol 3.567 555.000[2] kee Member vun de VN; keng Unerkennung vun engem Member vun de VN
174 Trinidad an Tobago Republik Trinidad an Tobago Port of Spain 5.128 1.507.782
175 Tschad Republik Tschad N'Djamena 1.284.000 20.299.123
176 Tschechesch Republik Tschechesch Republik Prag 78.867 10.735.859
177 Tunesien Tuneesesch Republik Tunis 163.610 12.277.109
178 Turkmenistan Turkmenistan Aşgabat 488.100 7.494.498
179 Tuvalu Tuvalu Funafuti (de jure)
Vaiaku (de facto)
26 9.646
180 Uganda Republik Uganda Kampala 241.038 50.015.092
181 Ukrain Ukrain Kiew 603.550 37.860.221 inklusiv der Krim an de Gebidder vun der Süd- an Ostukrain, déi 2022 vu Russland annektéiert goufen
182 Ungarn Republik Ungarn Budapest 93.028 9.676.135
183 Uruguay Republik ëstlech vum Uruguay Montevideo 176.215 3.386.588
184  USA Vereenegt Staate vun Amerika Washington, D.C. 9.833.517 345.426.571
185 Usbekistan Republik Usbekistan Taschkent 447.400 36.361.859
186 Vanuatu Republik Vanuatu Port Vila 12.189 327.777
Vatikanstad Staat Vatikanstad Vatikanstad 0 496 kee Member vun de VN; vëlkerrechtlech Staatsqualitéit gëtt unerkannt
187 Venezuela Bolivaresch Republik Venezuela Caracas 912.050 28.405.543
188 Vereenegt Arabesch Emirater Vereenegt Arabesch Emirater Abu Dhabi 83.600 11.027.129
189 Vereenegt Kinnekräich Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland London 243.610 69.138.192
190 Vietnam Sozialistesch Republik Vietnam Hanoi 331.070 100.987.686
191 Wäissrussland Republik Wäissrussland Minsk 207.600 9.056.696
Westsahara [7] Demokratesch Arabesch Republik Sahara Ajun (de jure)
Tifariti (de facto)
266.000 600.000[2] kee Member vun de VN
192 Zentralafrikanesch Republik Zentralafrikanesch Republik Bangui 622.984 5.330.690
193 Zypern Republik Zypern Nikosia 5.896 1.358.282

VN-Member, limitéiert Unerkennung (Tierkei)
inklusiv Nordzypern

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Area - The World Factbook. www.cia.gov. Gekuckt de 06.07.2025.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 (de) Deutsche Stiftung Weltbevölkerung (DSW), DSW-DATENREPORT 2022 (PDF) (2022). Gekuckt de 06.07.2025.
  3. Antigua: 280 km²; Barbuda: 161 km²
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 4,4 Memberschaft aktuell suspendéiert
  5. Saint Kitts 168 km²; Nevis 93 km²
  6. Saint Vincent 45 km²; Grenadinnen 344 km²
  7. Anescht wéi d'AU als Ganzt, erkennt d'Majoritéit vun de Memberstaaten d'Republik net un (just 19 AU-Staaten erkennen s'un, 17 weiderer hunn hir ursprénglech Unerkennung zeréckgezunn). D'Gebitt ass bal komplett ënner der Kontroll vu Marokko.