Zum Inhalt springen

Villa Rustica von Goeblingen-„Miecher“

aus Wikipedia, der freien Enzyklopädie
Dies ist eine alte Version dieser Seite, zuletzt bearbeitet am 27. September 2009 um 00:21 Uhr durch Cornischong (Diskussion | Beiträge) (nach Billi). Sie kann sich erheblich von der aktuellen Version unterscheiden.

thumb|right|500px| En Deel vun den Ausgruewungen am September 2009 D'Iwwerreschter vun der sougenannter Réimervilla vu Giewel stinn am Bëschelchen "Miecher" tëscht Giewel a Simmer.

Am Fong geholl ass et eng ausgedehnte gallo-réimesch Siidlung, déi vum fréiere Paschtouer Georges Kayser entdeckt gouf.

Bei engem vu senge villen Fousstier an der Géigend ass en op Miecher op eng Plaz gestouss, déi hie fir d'éischt fir en Hiwwelgraf gehal huet. An deene Fäll huet e seng Massendénger mobiliséiert, fir him eng Hand unzepaken. No an no hunn d'Georges Kayser Altertumsfuerscher sech där Saach ugeholl an et sinn an der Tëschenzäit fënnef Gebaier fräigeluecht, déi aus Steng gebaut waren. Dat Haaptwunngebai gouf am 3. Joerhonnert an e réimesche "Burgus", eng réimesch Befestigungsanlag, ëmgebaut, wat eenzegaarteg am gallesche Raum ass. Ronderëm stoung eng Holzpallisad an et war op d'mannst ee Gruef ronderëm gezu ginn. thumb|left|270px|Eng vun den zwou Originalsailen, déi erhale sinn Dat Ganz war iwwer véier Joerhonnerte bewunnt.