Zum Inhalt springen

Nationales Institut für das gebaute Erbe

aus Wikipedia, der freien Enzyklopädie
Dies ist eine alte Version dieser Seite, zuletzt bearbeitet am 31. Januar 2010 um 11:22 Uhr durch Les Meloures (Diskussion | Beiträge) (k). Sie kann sich erheblich von der aktuellen Version unterscheiden.

De Service des sites et monuments nationaux, kuerz SSMN, ass de Service fir d'national Landschaften a Monumenter am Lëtzebuerger Land a gehéiert zu de Kulturinstituter vum Staat.

Geschicht

Déi éischt legislativ Virschrëften iwwer d'Erhalen an de Schutz vun den nationale Landschaften a Monumenter ginn op e Gesetz vum 12. August 1927 zréck. De Grondsteen dozou hat d'Section historique vum Institut grand-ducal geluecht, där hire President d'Regierung Reuter mat engem Gesetzesvirprojet befaasst hat, fir esou e Gesetz zu Lëtzebuerg ze schafen. Als Basis duerfir huet dat franséischt Gesetz iwwer d'historesch Monumenter vun 1913 (Loi du 31 décembre 1913 sur les monuments historiques) gedéngt. Am Gesetz vun 1927 gouf d'Commission des sites et monuments nationaux an d'Liewe geruff.

Den Zweete Weltkrich, besonnesch duerch d'Verwüstungen an der Ardennenoffensiv, hat viel Schied un den nationale Monumenter hannerlooss. Dat huet mat sech bruecht datt an der ëffentlecher Meenung d'Bewosstsi fir den nationale Patrimoine opgefrëscht gouf.

Duerch e ministerielt Reglement vum 13. Mee 1971 gouf ënner dem Kulturministär de Service des monuments historiques an d'Liewe geruff. Dee Service krut d'Aufgab fir d'Moossname fir de Schutz, den Ënnerhalt an d'Restauratioun vun historesche Monumenter auszeféieren.

De Service des sites et monuments nationaux ass duerch Gesetz vum 19. September 1977 gegrënnt ginn an huet de Service des monuments historiques ersat.

D'Gesetz vun 1977 gouf duerch d'Gesetz vum 8. Dezember 1988 iwwer d'Réorganisatioun vun de Kulturinstituter vum Staat ofgeschaf an ersat. Dat neit Gesetz huet festgehalen datt d'Kulturinstituter vum Staat aus dem Service des sites et monuments nationaux, den Nationalarchiven, der Nationalbibliothéik, dem Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an dem Nationalmusée fir Naturgeschicht bestinn.

Direkteren

Aufgaben

Am Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwer d'Réorganisatioun vun de Kulturinstituter vum Staat sinn am Artikel 7 d'Aufgabe vum Service des sites et monuments nationaux festgeluecht.

Um Spaweck