Le club des chômeurs

Film von Andy Bausch (2003)
Dies ist eine alte Version dieser Seite, zuletzt bearbeitet am 6. Februar 2024 um 15:01 Uhr durch lb>Melouresbot (top: ., removed: |Originaltitel = using AWB). Sie kann sich erheblich von der aktuellen Version unterscheiden.

Vorlage:Infobox Film nei

Le club des chômeurs ass eng Lëtzebuerger-Schwäizer Filmcomedie vum Andy Bausch aus dem Joer 2002.

Ëm wat geet et am Film?

Stolkris, dat heescht fir vill Leit am Minett op eemol am Chômage ze sinn. Fënnef Kolleegen hu Gefalen un där neier Situatioun fonnt an hu sech geschwuer, fir ëmmer an éiweg als Chômeuren op dem Staat seng Käschten ze liewen - och wann et heiansdo méi Schweess kascht, der Aarbecht aus dem Wee ze goen, wéi eng unzehuelen. Dofir hu si de "Club des Chômeurs" gegrënnt...

E Film iwwer den industrielle Süde vu Lëtzebuerg, Chômeuren, Indianer, Léift a Verrot, e grousse Coup an och e "klenge Problem". Dat Ganzt gewierzt mat enger décker Portioun Humor, riichteraus, wéi dat am Süde sou Usus ass.

Accueil

[[Fichier:Zowaasch1casino1.jpg|thumb|left|Gedréint gouf ënner anerem am Casino vu Lasauvage]] Dem CNA no gouf Le club des chômeurs vun am Ganzen 32.315[1], respektiv 33.816[2] Leit gesinn. Dëst war, bis 2018, wéi De Superjhemp retörns an de Kino koum, de Rekord vum lëtzebuergesche Film mat deene meeschte Spectateuren.

Nach 2002 gouf de Club des chômeurs 6.404 Mol op VHS-Kassett an DVD verkaaft a war domat bei wäitem de meescht verkaafte lëtzebuergesche Film, virun Les luxembourgeois dans le tour de France mat verkaafte 2.425 Kopien.[3] 2003 gouf dem Andy Bausch säi Film nach eng Kéier 883 Mol[4] an 2005 nach emol 251 verkaaft.[5]

Den Thierry van Werveke gouf 2003 fir seng Roll als "Jeronimo" mam éischte Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Bescht kënschtleresch Kontributioun" ausgezeechent.

Mat La revanche ass 2004 eng indirekt Fortsetzung vum Film an de Kino komm.

Filmproduktioun

D'Gesellschaft Iris Productions krut fir d'Produktioun vu Le club des chômeurs 2001 e Subside vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 20 Millioune Lëtzebuerger Frang, wat deemools ronn 496.000 Euro waren.[6] Donieft krut de Film och nach e Subside vu 15.000 Euro als "Aide à la distribution" a vu 7.436,81 Euro als "Aide à la promotion".[7]

De Film gouf an 22 Deeg gefilmt.[8]

Wat sot d'Press?

  • Robert Duncan, Luxembourg News, 10. Januar 2002:[9]

Despite their crude language and persistent drinking, these are by and large sympathetic characters and Bausch has managed once again to portray the other side of Luxembourg away from the world of rich bankers with comfortable cars and even more comfortable houses.

Le Club des chômeurs est tout simplement une comédie, une déclaration d'amour à la Minette et à ses habitants, au rock'n'roll, aux indiens, au cinéma et à ses spectateurs, Si on n'attend rien d'autre que du divertissement et du plaisir à s'identifier et à reconnaître, on passera un excellent moment de cinéma. Et en rira aux larmes.

La prouesse - car prouesse il y a - est d`avoir réussi un film intelligent, dur, tendre, sensible et drôle, en si peu de temps et avec peu de moyens. La faiblesse du Club des Chômeurs devient sa force!

  • Germain Kerschen, Woxx, 1. Februar 2002:[10]

L'image granuleuse du film n'est pas de la meilleure qualité. D'un autre côté, Andy Bausch et son directeur-photo, Jacques Raybaut [...] accentuent ainsi un côté petit budget, qui fait bon ménage avec les pauvres existences qu'ils nous montrent à l'écran. "Troublemaker" reste bien le meilleur film luxembourgeois à ce jour. Mais "Le Club des Chômeurs" n'en est pas moins un grand petit film.

Kuckt och

Vorlage:Referenzen Vorlage:Autoritéitskontroll

  1. "Box office films luxembourgeois 1981-2012" op cna.public.lu (gekuckt:2013-01-19
  2. "Le top 100 des productions et coproductions luxembourgeroises." op cna.public.lu, 12-06-2018.
  3. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2002, Säit 208
  4. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2003, Säit 241-242
  5. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2005, Säit 284-285
  6. Rapport d'activités 2001 du Ministère de la Culture, Säit 210
  7. Rapport annuel 2002 vum Lëtzebuerg Filmfong, Säiten 2 a 4
  8. a b land.lu: Les 400 coups à Differdange vum Josée Hansen (24. Januar 2002)
  9. a b Gesammelt Pressstëmmen op webartproject.de
  10. woxx.lu: Bausch Andy: Le Club des Chômeurs vum Germain Kerschen (1. Februar 2002)