Marco Pütz

luxemburgischerer Saxophonist und Komponist
Dies ist eine alte Version dieser Seite, zuletzt bearbeitet am 12. August 2006 um 10:51 Uhr durch RalphKloth (Diskussion | Beiträge). Sie kann sich erheblich von der aktuellen Version unterscheiden.
(Unterschied) ← Nächstältere Version | Aktuelle Version (Unterschied) | Nächstjüngere Version → (Unterschied)

De Marco Pütz, gebuer 1958, ass e Lëtzebuerger Saxophonist a Komponist.

Säi Liewen

Hien huet seng Étuden am Conservatoire vun Esch a vu Lëtzebuerg gemaach. Duerno huet hie sech um Conservatoire Royal de Bruxelles perfektionnéiert, wou hie säin Ofschloss "avec distinction" am Fach Saxophon an "avec grande distinction" an der Kammermusek kruut. Um Conservatoire royal de Liège huet hien e "Premier prix en harmonie et en direction d'orchestre" kritt.

De Marco Pütz huet ronn drësseg Wierker komponéiert, dovunner ning fir Harmoniesorchester. D'Majoritéit vu senge Wierker goufe bei Musica Mundana (Holland an Däitschland) a Bronsheim (Holland) publizéiert. 1993 huet hien den éischte Präis vum Concours "International Clarinet Association Contest" an den USA mat sengem Quatuor pour clarinettes gewonnen. 1997 kruut hien fir säin Concertino for Horn and Band den drëtten Präis vum "II Concorso Internazionale di Composizione Augusto Cagnon" zu Treviso an Italien.

Zënter 1986 ass den Marco Pütz Professer fir Saxophon um Stater Conservatoire.

Zënter 1991 ass hie Saxophonist beim Orchestre Philharmonique du Luxembourg.

Hien ass och Grënnungsmember vum Quatuor de saxophones de Luxembourg.

Seng Wierker gin national wéi och international gespillt, a sinn och zum Deel op CDen vun Antes a Musica Mundana ze kréien.

Wierker

  • Quatuor pour Clarinettes
  • The Legend of Aquarius (D'Legend vum Kropemann)
  • Meltdown
  • Concerto for Flute
  • Three Sketches for Band

Kuckt och