Astrophysics Data System
D´Astrophysics Data System (ADS) ass eng vun der NASA finanzéiert Datebank fir Fachliteratur op dem Gebitt vun der Astronomie a vun Astrophysik. Erfaasst sinn och Publikatioune aus der Physik an der Geophysik souwéi elektronesch Virofdréck vum ArXiv-System.
D´ADS ass déi gréisste Literatursammlung am Beräich vun der Astronomie. Informatiounen,Titel, Autoren, Zesummefaassunge (Abstract) an Zitéierheefegkeeten si fräi zougänglech. Vill eeler Fachpublikatiounen sinn vollstänneg ofruffbar, während nei Publikatioune iwwer Links gewéinlech nëmmen Abonnenten virleien.
Am Mäerz 2008 waren 1,50 Millioune Datesätz aus der Astronomie/Astrophysik, 4,13 Millioune aus der Physik an 0,47 Millioune ArXiv-Datesätz benotzbar.
D´Benotzerschnëttstell zeechent sech duerch en héije Fonktiounsëmfang aus. Opgrond vun der verglàichsweis spartanescher an einfacher Formatéierung vun de Websäiten funktionéiert d´Duerstellung mat alle Browser.