Op den Inhalt sprangen

Code-Switching

Vu Wikipedia

Code-Switching gëtt an der Sproochwëssenschaft e Phänomen genannt, deen doranner besteet, dass wärend enger Konversatioun e bi- oder multilinguale Spriecher spontan an eng aner Sprooch wiesselt.

Ob a wéi dacks dat geschitt, hänkt vum Erliefnesberäich, vun der Situatioun a vum Partner of, mat deem geschwat gëtt.

Code-Switching geschitt meechtens onbewosst, ouni Verzögerung a stellt och guer keng Schwieregkeet fir den Spriecher duer. Normalerweis kënt et och nëmmen da fir, wann déi zwou Sproochen, ënnert deenen hin an hir gesprongen gëtt, vun béiden Gespréichspartner verstane ginn.

Code-Switching ka follgend Dimensiounen unhuelen:

  • en eenzelt Wuert
  • ganz Sätz
  • Textpassagen, déi scho méi laang kënne sinn.

Fréier gouf ugeholl, dass Code-Switching e Problem wier. Et ass een dovun aus gaang, dass Spriecher, déi wärend enger Konversatioun an eng aner Sprooch wiesselen, net capabel wieren, déi zwou Sproochen auserneen ze halen.

Haut gesäit een dat ganz anescht, an et geet een dovun aus, dass de Code-Switching eng ganz besonnesch Kompetenz verlaangt an deenen zwou Sproochen. Et ass souzesoen eng "Optiméierung" vun der Kommunikatioun, well all sproochlech Mëttel ausgenotzt ginn, déi zur Verfügung stinn, fir sech sou prezis wéi méiglech auszedrécken.

Aus soziolinguistischer Perspektiv ginn et verschidde Funktioune vum Code-Switching:

  • De Spriecher kann sech an enger vun deenen zwou Sproochen net ideal ausdrécken a geet dowéinst an déi aner iwwer. E gläicht domat e Mangel aus. Dëst geschitt dacks, wann de Spriecher midd, opgereegt oder och ofgelenkt ass;
  • Wann eng vun deenen zwou Sproochen eng Sprooch vun enger Minoritéit ass, gët mat Hëllef vum Code-Switching gären e Gefill vu Solidaritéit oder Zougehéiregkeet ausgedreckt. De Sproochewiessel weist dann, dass een aus enger bestëmmter Emgéigend kënnt. Wann de Gespréichspartner dann och mat engem Wiessel reagéiert, ass eng gewëssen perséinlech Bezéiung garantéiert;
  • Mam Code-Switching kënne Persounen ausgegrenzt ginn, déi d'Sprooch ,an déi gewiesselt gët, net beherrschen;
  • Dem Spriecher seng Astellung vis-à-vis vun deem Anere kann duerch de Code-Switching méi kloer ginn. Wann zwou Persounen ëmmer an der Sprooch A matenee schwätzen an et gëtt an eng Sprooch B gewiesselt, huet dat eng besonnech Wierkung: Dëst kann zum Beispill eng ironesch, iergerlech, frëndschaftlech, distanzéiert oder eng lëschteg Astellung weisen.

Wann tëschent enger Varietéit vun engem Sproochsystem (also zB.: twëschent engem Dialekt an enger Héichsprooch) hin- an hirgewiesselt gëtt, ass dat och Code-Switching.


Beispill (bei bilingualen Kanner):

D'Jennifer an de Mich hun drai Huesen. Een ass fortgelaf, well f'Dier vum Käfeg op stoung. De Mich leeft bei seng Mamm a seet ganz opgereegt: Vite, Vite le Hase est weg!

No e puer Sekonnen verbessert de Mich sech selwer: Le Lapin est parti!