Op den Inhalt sprangen

Postcode

Vu Wikipedia
Versioun vum 12:04, 18. Aug. 2007 vum Les Meloures (Diskussioun | Kontributiounen) (Datt et an de Këschte blo gëtt).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)

De Postcode ass en Ensemble vun Zifferen an/oder Buschtawen dee vun de Postgesellschafte gebraucht gëtt fir d'Verdeelung an d'Sënnere vum Courrier méi séier a méi einfach kënnen ze maachen.

Postcode kënne vun automatesche Sënnermaschinnen gelies ginn, an d'Verdeelung vum Courrier op déi respektiv Verdeelerplaze kann esou ouni manuell Interventioun gemaach ginn.

D'Postcode vun de verschiddene Länner sinn am Prinzip no geographeschen Zonen agedeelt. Verschidde Spezialcode si fir Postkëschten oder wéi a z.B a Frankräich fir Institutiounen oder Entreprise reservéiert. Dat ass do de Sytem CEDEX (Courrier d'Entreprise à Distribution Exceptionnelle)).

Zu Lëtzebuerg gouf de Postcode souguer ganz prezis fir d'Strossen an den Uertschaften définéiert, an heiansdo esou dat souguer déi riets an déi lénks Säit ënnerscheet gëtt.

Zu Singapur huet all gréissert Gebai säin eegene Postcode.