Op den Inhalt sprangen

Client (Informatik)

Vu Wikipedia
Versioun vum 16:04, 10. Mee 2024 vum EPIC (Diskussioun | Kontributiounen) (Ännerunge vum 216.53.201.2 (Diskussioun) zréckgesat op déi lescht Versioun vum Les Meloures).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
D'Schema weist, wéi Clients iwwer den Internet mat engem Server kommunizéieren

An der Informatik ass e Client (engl.) e Computerprogramm, dee vun engem Benotzer gebraucht gëtt, fir mat engem Computernetzwierk ze connectéieren an Ufroen un e Server ze stellen.

De Computer (d'Hardware), iwwer dee mam Server kommunizéiert gëtt, gëtt och Client genannt.

E Webbrowser ass zum Beispill e Client, deen den HTTP-Protokoll gebraucht fir mat engem Webserver ze kommunizéieren, a sou Daten ofzeruffen, déi en dem Benotzer weist. En anert Beispill sinn E-Mail-Clients (E-Mail-Programmer wéi Microsoft Outlook), déi Kontakt mat engem E-Mail-Server ophuelen, E-Mailen ofruffen an dann iwwer de selwechte Server och E-Maile verschécken.