Astrophysics Data System

D'Astrophysics Data System (ADS) ass eng vun der NASA finanzéiert Datebank fir Fachliteratur um Gebitt vun der Astronomie a vun Astrophysik. Erfaasst sinn och Publikatiounen aus der Physik an der Geophysik souwéi elektronesch Virofdréck vum ArXiv-System.
D'ADS ass déi gréisst Literatursammlung am Beräich vun der Astronomie. Informatiounen, Titel, Autoren, Zesummefaassungen (Abstract) an Zitéierheefegkeete si fräi zougänglech. Vill eeler Fachpublikatioune si vollstänneg ofruffbar, wärend nei Publikatiounen iwwer Linke gewéinlech nëmmen Abonnente virleien.
Am Mäerz 2008 waren 1,50 Milliounen Datesätz aus der Astronomie/Astrophysik, 4,13 Milliounen aus der Physik an 0,47 Millioune ArXiv-Datesätz benotzbar.
D'Benotzerschnëttstell zeechent sech duerch en héije Funktiounsëmfang aus. Wéinst der vergläichsweis spartanescher an einfacher Formatéierung vun de Websäite funktionéiert d'Duerstellung mat alle Browser.