Op den Inhalt sprangen

Discovery-Programm

Vu Wikipedia
2016 InSight Mars lander
Rotatioun vum Asteroid (433) Eros.
De Planéit Merkur, fotograféiert vum MESSENGER. Um Bild de Krater Sholem Aleichem.

Den Discovery-Programm vun der NASA ass eng Serie vu käschtegënschtegen, héich konzentréierten, wëssenschaftleche Weltraum-Missiounen. E gouf no der Visioun vum NASA-Chef Daniel Goldin vun enger "méi séierer, besserer a méi bëlleger" (engl. "Faster – Better – Cheaper") Planéitemissioun gegrënnt. De Programm besteet aus eegene Raumsonden an sog. "Discovery Missions of Opportunity", vun der NASA gebauten Instrumenter a Raumsonde vun anere Raumfaartagenturen. Eenzege Feelschlag war bis elo d'CONTOUR Missioun. Mars Climate Orbiter a Mars Polar Lander hu net zum Discovery-Programm gehéiert.

Missiounen

Fäerdeg Missiounen

Erfollegräich

  • NEAR, eng Missioun, fir Asteroiden z'observéieren; war op dem (433) Eros gelant. Si ass haut net méi a Betrib.
  • Mars Pathfinder, e Mars-Landemodul mat engem klenge Rover, nom Ofschloss vun der Missioun gouf hie stëllgeluecht.
  • Lunar Prospector, e Moundsatellit, deen op d'Mounduewerfläch gefall war.
  • Deep Impact, eng Missioun, an där eng Raumsond op e Koméit fält, awer nach eng funktionéierent Sond huet, déi vläicht fir spéider Missioune genotzt ka ginn.
  • Stardust, eng Missioun fir Deelercher aus engem Koméiteschwäif ze sammelen. Si koum mat dësen de 15. Januar 2006 op d'Äerd zréck. D'Mammeschëff bleift an engem Orbit ronderëm d'Sonn a kënnt fir spéider Missioune nach gebraucht ginn.
  • De Moon Mineralogy Mapper, emg „Discovery Mission of Opportunity“, war en Instrument fir d'Erfuerschung vun der Mineralogie op dem Äerdmound a gouf am Oktober 2008 u Bord vum ISRO Orbiter Chandrayaan-1 gestart. Am August 2009 war de Kontakt zu der Sond ofgebrach.

Deelweis erfollegräich

  • Genesis, eng Missioun fir Sonnewandpartikele ze sammelen. Bei der Landung haten d'Fallschiermer versot an d'Landekapsel war an d'Wüst vu Salt Lake City ofgestierzt. Na éischten Aussoen gouf ugedeit, datt awer e puer Partikele vun der Wëssenschaft ënnersicht konnte ginn.

Feelschlag

  • De CONTOUR, eng Sond, déi beim Zünden vum eegenen Dreifwierk beim Verloossen vun der Äerdëmlafbunn an dräi Deeler zerbrach ass.

Lafend Missiounen

  • De MESSENGER ass eng Missioun zum Merkur, déi am August 2004 gestart gouf an an der Tëschenzäit, no dräi Swing-by-Manöver, an eng Ëmlafbun ëm de Merkur agetrueden ass.
  • Den ASPERA-3 ass eng „Discovery Mission of Opportunity“. Si soll d'Beaflossung vu Sonnenwande a Marsatmosphär weisen. Si ass u Bord vun der ESA-Sond Mars Express.
  • D'Raumsond Dawn, gestart am September 2007,soll d'Asteroiden Ceres a Vesta ënnersichen.
  • EPOXI ass eng „Discovery Mission of Opportunity“ fir d'Weidernotzung vun der Raumsond Deep Impact beim Besuch vum Koméit 103P/Hartley 2 a fir d'Sich no Exoplanéite.
  • NExT ass eng „Discovery Mission of Opportunity“ fir Weidernotzung vun der Raumsond Stardust beim Besuch vum Koméit Tempel 1, dee scho virdrun vum Deep Impact ënnersicht gouf.
  • De Kepler-Weltraumteleskop, deen de 7. Mäerz 2009 gestart gouf, ass e Weltraumteleskop, deen an engem Sonnenorbit no Stäre mat Onregelméissegkeete an der Liichtintensitéit sicht. D'Onregelméissegkeeten weisen ganz gären op Exoplanéiten hin.
  • De GRAIL war den 10. September 2011 gestart. Si ass eng Missioun, déi aus zwou Sonde besteet. D'Missioun ass fir d'Vermiessung vum Äerdmoundgravitatiounsfeld.

Geplangte Missiounen

  • Strofio, en Instrument fir d'Analys vun der Exosphär vum Merkur. D'Missioun soll viraussiichtlech 2016 op BepiColombo gestart ginn.
  • LaRa ass en Deel zum ExoMars-Lander (2018), a soll d'Verständnes vun der Struktur an dem Zoustand vum Marskär verbessern.

Virgeschloe Missiounen

De 5. Mee 2011 goufen ënner 28 Virschléi dräi Projete ausgewielt ënner deenen déi nächst Discovery-Missioun ausgewielt soll ginn. Déi dräi Virschléi sinn:

  • InSight (Interior Exploration using Seismic Investigations, Geodesy and Heat Transport), e Marslander dee Struktur an Zesummesetzung vum Marskär ënnersiche soll an d'Versteesdemech vun der Genesia an der Entwécklung vun terrestresche Planéite erweidere soll.
  • Titan Mare Explorer (TiME), eng Raumsond, déi op engem vun de gréisste Methanséie vum Titan „lande“ soll.
  • Comet Hopper (Chopper), eng Sond, déi op engem Koméit landen an e puer Mol hir ülaz wiessele soll, fir d'Veränderunge vum Koméit iwwer e laangen Zäitraum ze dokumentéieren.

Ënner dëse Virschléi gouf den 20. August de stationäre Marslander InSight ausgewielt, deen 2016 gestart soll ginn.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck