Op den Inhalt sprangen

Surveyor-Programm

Vu Wikipedia
Versioun vum 16:40, 6. Feb. 2015 vum SITCK (Diskussioun | Kontributiounen) (nei).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
Surveyor-Modell

De Surveyor (englesch fir Landvermiesser) ass de Numm vun enger Serie vun US-amerikanesche Raumsonden vun der NASA, déi tëscht 1966 an 1968 um Äerdmound gelant waren.

Missioun

Als Nofolger vun de Ranger-Moundsonden gouf d'Surveyor-Programm opgebaut. Zil war d'Anübung vu mëlle Landungen op der Mounduewerfläch, e ganz wichtegen Aspekt bei der Virbereedung vun der bemannte Moundlandung. Geneesou gouf d'Méiglechkeet, Kurskorrektiounen duerchzeféieren, an d'Uewerfläch vum Mound ë.a. mat Schëppe ënnersicht, fir d'Déckt vun der méiglecher Stëbsschicht bestëmmen ze kënnen. D'Landeplaze goufen no méigleche Apollo-Landeplazen, awer och no geologeschen Aspekter ausgewielt. Fir d'Opprallkraafte bei der Landung moossen ze kënnen, goufen Deenmoosssträifen agesat, ouni virdrun ze wëssen, wéi sech de Vakuum op d'Miessresultat auswierke géif. De Programm hat 580 Milliounen US-Dollar kascht.

D'Surveyor-Sonden goufe vun der Hughes Aircraft Company gebaut a mat der Atlas-Centaur-Rakéite vun Launch Complex 36 op der Cape Canaveral gestart. Si hunn jee ongeféier 1.000 kg gewien a ware mat Héichleeschtungskameraen an etlechen Detekteren an Instrumenter ausgerëscht.

Verlaf

  • Tëscht Dezember 1964 an Oktober 1966 goufen am Ganzen fënnef Testflich mat Sonden-Attrappen gemaach. Dës Flich waren fir Tester mat der Atlas-Centaur-Drorakéit an dem Fluchprofil fir den Aschoss an eng Transferbunn zum Mound.
  • De Surveyor 1 war den 30. Mee 1966 gestart a war dräi Deeg méi spéit am Oceanus Procellarum gelant. D'Sond hat bis de 14. Juli 1966 geschafft. Am Ganzen ronn sechs Wochen op der Mounduewerfläch an hat 11.200 Biller iwwerdroen. De Surveyor 1 war déi éischt mëll Landung vun enger US-amerikanescher Sond um Mound. Allerdéngs war d'UdSSR méi séier wéi d'Amerikaner a war schonns mat der Luna 9 den 3. Februar 1966 mëll um Mound gelant.
  • De Surveyor 2 war den 20. September 1966 gestart, konnt awer zwee Deeg méi spéit net mëll landen, a war hart beim Krater Gambart C an der Géigend vum Kopernikus opgeschloen a gouf dobäi zerstéiert.
  • D'Raumsond Surveyor 3 bei den Ënnersich duerch d'Astronaute vun der Apollo-12-Missioun
    Surveyor 3 war de 17. Abrëll 1967 gestart. Dräi Deeg méi spéit war d'Sond erfollegräich am Oceanus Procellarum gelant a blouf bis de 4. Mee 1967 aktiv. Si hat 6.300 Biller iwwermëttelt a hat e Buerexperiment duerchgefouert. Während der Moundlandung vun Apollo 12 am November 1969 gouf d'Surveyor 3 als Ufluchzil ausgewielt. Deeler vun der Sond, besonnesch hir Kamera, goufen vun den Astronaute Charles Conrad an Alan Bean demontéiert uan zréck op d'Äerd bruecht. Bei uschléissenden Ënnersich vun den Deeler konnt de Mikrobiolog Frederick Mitchell feststellen, datt an der Isoléierung vun der Kamera gedréchent Bakterien (Streptococcus mitus) mat op de Mound gereest waren. Et gëtt ugeholl, datt si vun engem erkaltene Monteur hannerlooss goufen. D'Bakterie konnten am Brutschaf nees keimen a gëllen als Hiwäis fir méiglech Iwwerliewensfäegkeet am Weltraum. D'Kamera steet haut am National Air and Space Museum.
  • De Surveyor 4 war de 14. Juli 1967 gestart, awer d'Sond hat keng mëll Landung a war dräi Deeg méi spéit am Sinus Medii haart opgeschloen.
  • De Surveyor 5 war den 8. September 1967 gestart. Si war dräi Deeg méi spéit am Mare Tranquillitatis („Mier vun der Rou“) gelant an hat bis de 17. Dezember 1967 19.000 Biller, an Daten op d'Äerd geschéckt an hat eng Buedemanalys gemaach.
  • Den Surveyor 6 war de 7. November 1967 gestart, a war dräi Deeg méi spéit am Sinus Medii gelant. Hei hat si bis de 14. Dezember 1967 geschafft. D'Sond hat 15.000 Biller a vill Daten iwwermëttelt. De 17. November 1967 gouf d'Dreifwierk vun der Sond op e neist gestart an d'Sond hat dann 2,5 m ewech erneit opgesat.
  • De Surveyor 7 war de 7. Januar 1968 gestart an dräi Deeg méi spéit no beim Krater Tycho gelant. D'Sond hat bis den 21. Februar 1968 21.000 Biller op d'Äerd geschéckt.

Resultat

De Surveyor-Programm war ganz erfollegräich mat fënnef Moundlandungen (Erfollegquot: 71 %). D'Sonden haten de Moundbuedem analyséiert, haten d'Uewerfläch fotograféiert an haten domat déi bemannte Moundlandunge preparéiert. Am Mäerz 2010 hat d'Moundsond Lunar Reconnaissance Orbiter ë.a. Fotoe vu Surveyor 5 iwwermëttelt. [1]

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Referenzen

  1. Surveyor 5 nasa.gov, Lunar Reconnaissance Orbiter, 22.März 2010 (Zougrëff=29.Mäerz 2010)