Op den Inhalt sprangen

Global Positioning System

Vu Wikipedia
Versioun vum 15:01, 18. Jan. 2015 vum CommonsDelinquent (Diskussioun | Kontributiounen) (De Link op "Navstar-2.jpg" gouf ewechgeholl, dëse Fichier gouf op Commons vum Green Giant geläscht, de Grond ass: Per commons:Commons:Deletion requests/File:Navstar-2.jpg.).
Bewegung vun de Satellitten iwwer der Äerd

De Global Positioning System (ofgekierzt GPS) ass en Navigatiounssystem vum US-Verdeedegungsministère deen et erméiglecht, mat Hëllef vu Satellitten eng weltwäit Positiounsbestëmmung duerchzeféieren.

Déi offiziell Bezeechnung ass "Navigational Satellite Timing and Ranging - Global Positioning System" (NAVSTAR-GPS), mä hautdesdaags gëtt quasi nëmmen nach vun engem "GPS" geschwat.

De GPS-System ass de 17. Juli 1995 offiziell a Betrib geholl ginn, a konnt am Ufank ausschliisslech vun der US Arméi an deenen hiren Alliéierte benotzt ginn. Haut, nodeem den US-Verdeedegungsministère den Datestroum vun de Satellitten net méi kryptéiert, si GPS-Navigatiounssystemer net méi aus Fligeren, Autoen oder Schëffer ewechzedenken. Neierdéngs gi GPS-Rezeptoren souguer a Schrëttzieler oder a GSM-Telefone benotzt.

Ähnlech Systemer sinn zum Beispill de russesche Positiounssystem Glonass, oder de Galileo, e Projet vun der EU, mam selwechte Funktiounsprinzip wéi de GPS an de Glonass, deen den Europäer e Positiounssytem soll garantéieren, am Fall wou d'Amerikaner hire GPS ofschalten an nëmmen nach fir d'Militär benotze géifen.

Funktiounsprinzip

En GPS Satellit schéckt all Sekonn 12,5 Funksignaler, mat der Positioun vum Satellit a mat der Auerzäit vum Ofsende vum Datepak. All Signal kritt eng Nummer, sou datt de GPS-System näischt verwiessele kann.

Eng Positiounsbestëmmung funktionéiert mat op d'mannst 3 Satellitten, déi sech de ganzen Zäit mat enger Vitesse vun 3,87 km/s an enger Héicht vu ronn 20.000 km bewegen.

Um Spaweck

 Commons: Global Positioning System – Biller, Videoen oder Audiodateien

Schabloun:Link FA