Op den Inhalt sprangen

Global Positioning System

Vu Wikipedia

De Global Positioning System (ofgekierzt GPS) ass en Navigatiounssystem vum US-Verdeedegungsministère deen et erméiglecht, mat Hëllef vu Satellitten eng weltwäit Positiounsbestëmmung duerchzeféieren.

Déi offiziell Bezeechnung ass "Navigational Satellite Timing and Ranging - Global Positioning System" (NAVSTAR-GPS), mä hautdesdaags gëtt quasi nëmmen nach vun engem "GPS" geschwat.

De GPS-System ass de 17. Juli 1995 offiziell a Betrib geholl ginn, a konnt am Ufank ausschliisslech vun der US Arméi an deenen hiren Alliéierte benotzt ginn. Haut, nodeem den US-Verdeedegungsministère den Datestroum vun de Satellitten net méi kryptéiert, si GPS-Navigatiounssystemer net méi aus Fligeren, Autoen oder Schëffer ewechzedenken. Neierdéngs gi GPS-Rezeptoren souguer a Schrëttzieler oder a GSM-Telefone benotzt.

Ähnlech Systemer dozou sinn zum Beispill den Glonass, daat ass den russeschen Positiounssystem oder den Galileo, daat ass een Projekt vun der EU, mat deem nämmlechten Fonktiounsprinzip wéi dem GPS an dem Glonass, deen verhënneren soll, dass d'Europäer opgeschmass sinn, wann d'Amerikaner hieren GPS ofschalten an nëmmen nach fir d'Militär benotzen.

Um Spaweck

 Commons: Global Positioning System – Biller, Videoen oder Audiodateien

Schabloun:Link FA