Open Source
Ausgesinn
Den engleschen Ausdrock Open Source oder Quelltextoffenheet gëtt meeschtens fir Computer-Software benotzt, a wëll ausdrécken datt jiddereen de Quelltext vun esou Programmer ukucken, veränneren a weidergi kann.
Lizenzmodeller
Et gi verschidde Lizenzmodeller, vun deenen déi folgend zu deene bekanntste gehéieren:
- GPL an dee manner restriktive "Brudder" LGPL
- BSD-Lizenz
- MIT-Lizenz (vum Massachusetts Institute of Technology)