Explorer-Programm



Den Explorer ass den éischten an zougläich ëmfangräichste Satellitten- a Raumsondeprogramm vun de Vereenegte Staaten.
Geschicht
1957 hat d'Sowjetunioun mam Sputnik 1 d'Course ëm den éischte kënschtleche Satellit am Weltall fir sech entscheet. Et hat offiziell mat der Ukënnegung vum US-amerikanesche President Dwight D. Eisenhower den 28. Juli 1955, am Kader vum Internationalen Geophysikalesche Joer ugefaangen, fir e kënschtlechen Äerdtrabant an d'Ëmlafbunn ze bréngen. D'Sowjetunioun hat e puer Deeg méi spéit offiziell matgedeelt datselwecht wëlles ze hunn.
D'USA waren mat hirem Vanguard-Projet zum Zäitpunkt vum Sputnik-Start nach net startbereet an hunn et bis Enn 1957 mat engem virgezunnene Start versicht. De Start war eng Katastroph: Déi bis dohin nach net vollstänneg getest Drorakéit war beim Start nach op der Startramp explodéiert, virun den Ae vu Millioune vun Televisiounspektateuren.
D'Explorer-Serie krut domat d'Chance, déi éischt Satellitten an d'Äerdëmlafbunn ze schéissen, a war géigeniwwer dem Vanguard-Projet iwweraus erfollegräich. Den 1. Februar 1958 war den Explorer 1 als éischten amerikanesche Satellit erfollegräich an d'Ëmlafbunn gestart. Ënner dem Numm Explorer goufe méi wéi 82 erfollegräich Missiounen op den ënnerschiddlechste Fuerschungsgebidder gemaach, an dat vun der Erfuerschung vun der Ionosphär iwwer d'Radioastronomie bis zu der Atmosphär- an Äerdfuerschung. Déi haaptsächlech vun der Arméi zu Huntsville (Alabama) entwéckelt Satellitten, mat Hëllef vun der Expertegrupp romderëm de fréieren techneschen Direkter Wernher von Braun, ware soumatt déi éischt US-Satellitten am Orbit - an domat e wichtegen éischte Schrëtt a Richtung bemannt Raumfaart.
Missiounen
Jiddwer Explorer-Satellit (zënter Explorer 6) dréit eng Subbezeechnung - jee nodeem zu water engem wëssenschaftleche Projet e gehéiert.
Zënter Ufank vun de 1990er Jore goufen am Explorer-Programm Ënnerprogrammer gestart:
- SMEX (Small Explorer) fir kleng Fuerschungsmissiounen zënter Ufank vun de 1990er Joren.
- MIDEX (Middle-Sized Explorer) fir mëttelgrouss Fuerschungssatellitten zënter Enn vun de 1990er Joren.
- STEDI (Student Explorer Demonstration Initiative) an UNEX (University Explorer) fir kleng, vun Universitéite fir d'NASA duerchgefouert Missiounen.
Eng vollstänneg Oplëschtung vun de bis elo 102 gestarten Explorer-Satellitten steet an der Lëscht vun Explorer-Missiounen.
Kuckt och
Quell
- Nasa Facts: Explorers: Searching the Universe Forty Years Later
Um Spaweck
Commons: Explorer-Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) NASA: Explorer History
- (en) NASA: Explorer-I and Jupiter-C
- Bernd Leitenberger: Explorer am Moundorbit
- (en) NSSDC: D’Explorer-missiounen am National Space Science Data Center
- http://www.claus-schieber.de/spacefl/usa.htm