Op den Inhalt sprangen

Explorer-Programm

Vu Wikipedia
Versioun vum 16:22, 11. Abr. 2013 vum SITCK (Diskussioun | Kontributiounen) (nei).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
Explorer 6
ISEE-C (Explorer 59) an enger Testkummer
TRACE (Explorer 73) déngt der Erfuerschung vun der Sonnekorona

Den Explorer ass den éischten an zougläich ëmfangräichst Satellitten- a Raumsondenprogramm vun de Vereenegte Staaten.

Geschicht

1957 hat d'Sowjetunioun mam Sputnik 1 de Concours ëm den éischte kënschtleche Satellit am Weltall fir sech entscheed. Et hat offiziell mat der Ausso vum US-amerikanesche President den 28. Juli 1955 ugefaangen, am Kader vum Internationalen Geophysikalesche Joer e kënschtlechen Äerdtrabant an d'Ëmlafbunn ze bréngen. D'Sowjetunioun hat e puer Deeg méi spéit dee selwechte Wonsch offiziell matgedeelt.

D'USA waren mat hirem Vanguard-Projet zum Zäitpunkt vum Sputnik-Start nach net startbereet an hunn et bis Enn 1957 mat engem virgezunenen Start versicht. De Start war eng Katastroph: Déi bis dohin nach net vollstänneg getesten Drorakéit war beim Start nach op der Startramp explodéiert, virun den Aen vu Millioune vun Televisiounspektateuren.

D'Explorer-Serie krut domat d'Chance, déi éischt Satellitten an d'Äerdënlafbunn ze schéissen, a war géigeniwwer dem Vanguard-Projet iwweraus erfollegräich. Den 1. Februar 1958 war Explorer 1 als éischten amerikaneschen Satellit erfollegräich an d'Ëmlafbunn gestart. Ënnert dem Numm Explorer goufe méi wéi 82 erfollegräich Missiounen op den ënnerschiddlechste Fuerschungsgebidder duerchgefouert, vun der Erfuerschung vun der Ionosphär iwwer d'Radioastronomie bis zu der Atmosphär- an Äerdfuerschung. Dës haaptsächlech vun der Arméi zu Huntsville (Alabama) entwéckelt Satellitten, mat Hëllef vun der Expertegrupp romderëm de fréieren techneschen Direkter Wernher von Braun, waren soumatt déi éischt US-Satellitten am Orbit - an domat e wichtegen éischte Schrëtt hin zu der bemanntener Raumfaart.

Missiounen

Jiddfer Explorer-Satellit (zënter Explorer 6) dréit eng Subbezeechnung - jee no deem wéi eng wëssenschaftleche Projet hien ugehéiert.

Zënter Ufank vun de 1990er Joeren goufen am Explorer-Programm Ënnerprogrammer gestart:

  • SMEX (Small Explorer) fir kleng Fuerschungsmissiounen zënter Ufank vun de 1990er Joeren.
  • MIDEX (Middle-Sized Explorer) fir mëttelgrouss Fuerschungssatellitte zënter Enn vun de 1990er Joeren.
  • STEDI (Student Explorer Demonstration Initiative) an UNEX (University Explorer) fir kleng, vun Universitéiten fir d’NASA duerchgefouert Missiounen.

Eng vollstänneg Oplëschtung vun den bis elo 102 gestarteten Explorer-Satellitten fannet sech an der Lëscht vun Explorer-Missiounen.

Kuckt och

Portal Astronomie

Quell

  • Nasa Facts: Explorers: Searching the Universe Forty Years Later

Um Spaweck

Commons: Explorer-Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien