NASA Extragalactic Database
Den NASA Extragalactic Database (NED) ass eng astronomesch Datebank fir Galaxien an aner Objete baussenzeg vun eiser Mëllechstrooss. Den NED gëtt vum Infrared Processing and Analysis Center IPAC vum Jet Propulsion Laboratory um California Institute of Technology bedriwwen a vun der NASA finanzéiert.
Den NED huet eng Lëscht vun (November 2011) 167,5 Millioune Objete, fir déi Bezeechnunge aus verschiddene Kataloge mateneen identifizéiert ginn a souwäit wéi méiglech genee Positiounen um Himmel a Routverrécklungen uginn. Den NED huet weider zum Beispill photometresch Daten a Biller an opteschen an a noen Infrarout, Hiweiser opPublikatiounen déi sech op en Objet bezéien, souwéi hir Zesummefaassungen.
Während den NED nëmmen extragalaktesch Objete opweist, läit de Schwéierpunkt vun der Datebank SIMBAD op Stären an aneren Objeten aus eiser Mëllechstrooss.