New Millennium Program


De New Millennium Program (NMP, lëtz. Neit-Joerdausend-Programm) ass ee 1995 gestarten Entwécklungsprogramm vun der NASA, dat nei Raumfaarttechnologien fir dat neit Joerdausend rouwe soll. D'Missiounen bannent dësem Programm déngen primär der Technologieerprouwung a nëmme sekundär zu der Fërderung vu wëssenschaftlechen Usiichten. D'New Millienium Program gëtt vum Jet Propulsion Laboratory organiséiert.
Ufanks waren d'Missiounen an d'Gruppéierungen Deep Space (DS) fir interplanetar Missiounen an Earth orbiting (EO) fir Missiounen am Äerdorbit ënnerdeelt. No enger Reorganisatioun vum Programm goufen all weider Missiounen als Space Technology (ST) bezeechent.
Missiounen
Folgend Missiounen sinn am New Millennium Program enthalen:
Gestart:
- Deep Space 1 - eng Raumsond fir Erprouwung vun engem Ionenundriff - Start de 24. Oktober 1998 mat enger Delta-II-Rakéit - D'Missioun war erfollegräich.
- Deep Space 2 - zwou Penetrator-Sonden fir d'Marserfuerschung - Start den 3. Januar 1998 mat enger Delta-II-Rakéit zesumme mat der Marssond Mars Polar Lander - Missioun net gelongen.
- EO-1(Earth Observing-1) - e Satellit fir Erprouwung vun engem neien Äerdobservatiounssensor, dem Advanced Land Imager (ALI)- Start war den 21. November 2000 mat enger Delta-II-Rakéit.[1] [2]
- ST-6ASE - Experiment fir d'autonom Aufgabenerfëllung vu Satellitten - Software-Experiment, dat mat dem EO-1-Satellit ausgefouert gouf.
- Space Technology 5 (NCT - Nanosat Constellation Trailblazer) - Erprouwung vum Formatiounsfluch vun dräi Klengstsatellitten - Erfolgräiche Start mat enger Pegasus-XL-Rakéit den 22. Mäerz 2006.
- ST-6ISC - Experimentelle Stäresensor an TacSat-2 - Start de 16. Dezember 2006 mat enger Minotaur-1-Rakéit.
Agestallt:
- EO-2 (SPARCLE) - Laserinstrument fir Atmosphärefuerschung - aus Budgetgrënn 1998 agestallt.
- ST-3 (fréier DS-3) - Duebelsatellit fir d’Erprouwung vun interferometresche Stärobservatiounstechniken - aus Budgetgrënn zum Labor-Experiment reduzéiert.
- ST-4 (Champollion, fréier DS-4) - Missioun fir d'Fuerschung vu Koméite - aus Budgetgrënn 1999 agestallt.
- EO-3 (GIFTS) - Geostationärt Instrument fir Wiederobservatioun – gouf agestallt.
- ST-8 – Prouwen vu verschiddene Technologien (Computersystemer, Konstruktiounsstrukturen fir Solarzellen, entfalbar Mastelemente fir Sonnesegelen ë.a., Wärme-Kontroll-System) - Start op enger Pegasus-XL war fir den 28. Februar 2009 geplangt. An der Tëschenzäit agestallt.
Geplangt:
- ST-7 - Prouwen vun Technologien fir d'Laser Interferometer Space Antenna (LISA) Missioun - Start fir 2014 geplangt.
Kuckt och
Portal Astronomie
weider NASA-Programmer:
- Discovery-Programm
- New-Frontiers-Programm
- Earth Observing System
- Mars-Scout-Programm
- Centennial Challenges Programm
Um Spaweck
| Commons: New Millennium Program – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- ↑ Earth Observing-1@nasa.gov
- ↑ Advanced Land Imager@nasa.gov (ofgeruff den 12. Oktober 2010)