Op den Inhalt sprangen

Mars-Scout-Programm

Vu Wikipedia
Phoenix (Mars Scout 1) um Mars (kënschtleresch Duerstellung)
MAVEN (Mars Scout 2) (kënschtleresch Duerstellung)

De Mars-Scout-Programm ass e Fuerschungsprogramm vun der NASA fir den Zäitraum ab 2005 an ass Deel vum Mars-Fuerschungsprogramm. Doran sinn d'Mars-Scout-Missiounen déi manner käschtenintensiv Projete sinn (bis 500 Milliounen Dollar). Ähnlech dem Discovery-Programm sinn Ëmfang an Ausriichtung begrenzt. Déi mëttel Klass vu Mars-Missiounen bannenzegt vum Mars Exploration Program ass dann vergläichbar mam New-Frontiers-Programm. Käschtepunktmit tëschent 500 Mio. bis 750 Mio. Dollar. Dës weider ausgeluechte Missiounen sinn generell Orbiter. De Mars Reconnaissance Orbiter ass déi éischt Missioun vun dëser Klass. Déi opwendegst a käschtenintensivst Projete (vun 750 Mio. Dollar bis zu e puer Milliarden Dollar) sinn d'Flaggschëff-Missiounen, deeren éischt de Mars Science Laboratory (MSL) ass.[1]

Missiounen

D'Missiounen vum Mars-Scout-Programm sollen duerch e Concours ausgewielt ginn. Verschidden internationaal Wëssenschaftler solle mateneen mat méiglechst innovative Virschléi konkurréieren. Sou waren fir déi éischt Mars-Scout-Missioun niewent der Phoenix-Sond, e Mars-Fliger, en Orbiter fir d'Sich no vulkanescher Aktivitéit an eng Proufhuelmissioun fir d'Marsatmosphär an der Endauswiel.[2]

Mars Scout 1

Déi éischt Missioun vum Programm, Mars Scout 1, war d'Landesond Phoenix, déi de 4. August 2007 gestart an de 25. Mee 2008 (UTC) erfollegräich op dem Mars gelant war. De Käschtepunkt vun der Missioun, inklusiv vun der Drorakéit an der Missiounsduerchféierung luch bei ronn 420 Milliounen Dollar[3].

Mars Scout 2

Mars Scout 2 soll 2013 starten. Zwéi Missiounskonzepter aus 26 virgeschloenen goufen dofir am Januar 2007 ausgewielt, 2008 goufen aus dësen zwou eng definitiv Missioun gewielt. D'Konzepter waren:[4]

  • Mars Atmosphere and Volatile Evolution (MAVEN): En Orbiter géif d'Froen zum Marsklima an der Bewunnbarkeet vum Planéit beäntwerten souwéi d'Verständnes dynamescher Prozesser an der ieweschter Marsatmosphär an an der Ionosphär verbesseren.
  • The Great Escape: D'Missiounskonzept ass och als Orbiter ausgeluecht. D'Raumsond géif d'Struktur an Dynamik vun der ieweschter Marsatmosphär studéieren, ausserdeem géif potentiell biogen Atmosphärebestanddeeler (z. B. Methan) vermoossen.

De 15. September 2008 gouf d'Missioun MAVEN vun der NASA ausgewielt. Si soll Enn 2013 starten.

Mars Scout 3

Fir 2018 as déi drëtt Missioun vum Programm virgesinn. Als Concoursbeiträge ginn niewent konventionellen Orbiter a stationären Lander, och fléiend Sonden (Fliger, Ballonen), Penetratoren, oder Konzepter fir Eenheeten mat goenden, spréngenden oder Kletterfäegkeeten erwart.

Kuckt och

Portal Astronomie

Referenzen

  1. Mars Exploration Design Reference Mission Set: http://solarsystem.nasa.gov/missions/future-mars1.cfm. 20. Aug. 2006
  2. Space Today: http://www.spacetoday.org/SolSys/Mars/MarsExploration/MarsScout2007.html. 20. Aug. 2006
  3. NASA:Phoenix launch press kit (August 2007)
  4. NASA: NASA Selects Proposals for Future Mars Missions and Studies, 8. Januar 2007

Um Spaweck