Mariner-Programm
De Mariner-Programm vun der NASA hat zu der Fuerschung vun äerdähnleche Planéiten am Sonnesystem gedéngt, also zu Merkur, Venus an Mars. Zéng Raumsonden goufen tëschent 1962 an 1973 gestart.









Missiounen
Bis op Mariner 5 an 10 waren all Mariner-Sonden Duebelsonden, dat heescht, zwou gläich Sonden goufen an der selwechter Startfënster gestart. Och bei Mariner 10 stong op enger anerer Startramp eng Rakéit mat engem Ersatzexemplar fir de Fall vun engem Feelstart bereet. D'Ersatzexemplar gouf nom erfollegräiche Start vu Mariner 10 awer net gestart.[1]. D'Raumsonden hunn tëschent 200 (bei Mariner 1 an 2) an 1000 Kilogramm (bei Mariner 8 an 9) gewiën, Mariner 1, 2 an 5 haten keng Kameraen u Bord. D'Sonden Mariner 1 bis 5 sinn mat der Dréierrakéit Atlas-Agena an de Raum geschoss ginn. D'Sonden Mariner 6 bis 10 op enger Atlas-Centaur, dräi vun de Sonden waren Feelstarten.
Mariner 1 an 2
Mariner 1 an 2 baséierten op de Ranger-Moundsonden a goufen relativ schnell (manner wéi e Joer) entwéckelt, fir virun der UdSSR eng Sond erfollegräich zu der Venus ze schécken. D'Instrumentéierung war duerch déi kleng Leeschtung vun der Dréierrakéit Atlas Agena B ziemlech einfach.Si haten Detekteren fir kosmesch Stralen, Stëbs a gelueden Deelercher, Magnéitometer a fir d'Venuserfuerschung en Infraroutradiometer a Mikrowelleradiometer. Déi gréisst Erausfuerderung war et, eng Raumsond ze bauen, déi 2500 Stonnen am interplanetaren Raum schaffe konnt. D'Ranger-Sonden, op deenen Mariner 1 an 2 baséierten, sollten nëmmen e puer Deeg aktiv sinn. Mariner 2 hat 202,8 kg, gewiën, dovu sinn 18,6 kg op d'Experimenter gefall. Gebaut goufen d'Sonden vum JPL fir d'NASA..
Mariner 1 goung beim Start den 22. Juli 1962 duerch e feelerhafte Steierprogramm verluer, wou d'Dréierrakéit vum Kurs ofkoum an 290 Sekunden nom Start gesprengt hat misse ginn. Mariner 2 war de 27. August 1962 gestart an hat schonns um Wee zu der Venus dee vum Ludwig Biermann an de 1950er Joeren postuléierten Sonnewand entdeckt. Ziemlech schnell gouf et Problemer mat der Sond: No enger Kurskorrektur de 4. September 1962 war den Drock am Stéckstofftank geklomm, an et ass Dreifstoff verluer gaangen. Eng weider Kurskorrektur war net méi méiglech. Enn Oktober hat d’Leeschtung vun engem Solarpanel nogelooss, a war de 15. November 1962 ganz ausgefall. Well d'Sond awer der Sonn méi nokoum, konnt de Stroum vum zweete Panel d'Sond weider betreiwen. Weider Defekter sinn nokoum, konnten zwar vun Äerd aus behuewe ginn. Wou d'Sond de 14. Dezember 1962 d'Venus op enger Distanz vun 34.773 km ouni Problemer passéiert hat an all Miessinstrumenter Donneeë liwwerten, gouf bei der NASA gewitzelt, d'Ofkierzung JPL sténg fir „Just Plenty of Luck“ (lëtzbg. „Einfach e Koup Gléck“). Endgülteg ausgefall war Mariner 2 den 3. Januar 1963.
D'Sond hat d'Temperatur op der Venus mat 425 Grad Celsius bestëmmt, konnt kee Waasserdamp an der Atmosphär noweisen an hat déi ierwescht Héicht vun der Wollékeschicht mat 55–80 km festgehalen.
Mariner 3 a 4
Mariner 3 a 4 haten als Zil de Laanschtfluch beim Mars. Déi eppes leeschtungsstaark Atlas Agena D hat et erlabt, eng 260,8 kg schwéir Sond op de Wee ze bréngen. Dovu waren 15,8 kg Experimenter . D'Spanwäit vun de Sonden war 6,88 m an d'Héicht luch bei 2,89 m. Mariner 3 a 4 setzten éischtmols eng TV-Kamera an, awer hir Bildqualitéit war ziemlech schlecht. E Bild hat nëmmen 200 Zeilen mat 200 Punkten ëmfaasst. D'Biller goufen beim Laanschtfluch op engem Bandrekorder gespäichert, deen 22 Biller ophuele konnt. D'Iwwerdroung op d'Äerd hat pro Bild iwwer 8 Stonnen gedauert.
D'Experimenter ëmfassten weiderhin e Magnéitometer a verschidden Detekteren fir Stëbs, gelueden Deelercher an héichenergetesch Stralen. Dës waren och während dem Fluch zum Planéit Mars aktiv. D'Hälschent vun den Experimenter sinn beim Mariner 4 awer schonns um Wee zum Planéit ausgefall.
Mariner 3 war de 5. November 1964 gestart. Éischtmols gouf eng liichtgewiichteg Notzlaschtverkleedung aus glasfaserverstäerktem Konschtstoff agesat. Dës war awer duerch d'Reiwungshëtzt beim Opstig geschmolz a blouf un der Sond pechen. Sou konnten d'Solarpanelen net ausgefauere ginn an d'Sond huet missen am Äerdorbit bleiwen, well si och ze schwéier war, fir bei de Mars ze fléien.
Fir d'Mariner 4 gouf de Start verréckelt an eng nei Notzlaschtverkleedung aus Metall ugefäerdegt. Mariner 4 gouf dann den 28. November 1964 gestart an ass als éischt ierdesch Raumsond de 15. Juli 1965 op 9.844 Kilometer laanscht de Mars geflunn. D'Sond hat bannen 22 Minutten 22 Biller opgeholl, déi während de nächsten Deeg op d'Äerd gefunkt goufen. Si hunn e moundähnleche Mars, hunn awer nëmmen 1 % vun der Uewerfläch ofgedeckt. Weider gouf festgestallt, datt de Mars keen oder nëmmen ee ganz schwaacht Magnéitfeld huet. D'Atmosphär weist e Buedemdrock vu maximal 30 mBar op a besteet zu 80–100 % aus Kuelendioxid a maximal 16 % Stéckstoff oder 8 % Argon. Bis zum 20. Dezember 1967 war d'Sond aktiv.
Mariner 5
Mariner 5 war eng vun zwou Eienzelmissiounen am Mariner-Programm. Et hat een e Reserveexemplar vu Mariner 3 a 4 zu der Venus gestart. Ännerungen an der Sond haten sech aus der kuerzer Sonnendistanz vun der Venus erginn. Sou gouf e Schutzschëld um Buedem vun der Sond installéiert an d'Solarpanele verklengert. Déi 245 kg schwéier Sond hat eng Spanwäite vu 5,48 m a war 2,89 m héich. D'Instrumenter fir d'Experimenter hunn 15,8 kg gewiën. Si waren bal identesch mat deenen u Bord vu Mariner 3 an 4, alleng en UV-Photometer hat d'Kamera ersat, an en zousätzlechen Bausteng hat et erlabt, eing Dréierwell mat genee definéierter Frequenz ze senden.
Haaptmissioun vun deer de 14. Juni 1967 gestarteter Sond war et, hannert der Venus ze verschwannen an dobäi eng reng Dréierwell ze senden, deeren Frequenz-, Phasen- an Amplitudenännerungen op der Äerd bestëmmt goufen. Doduerch konnt een Eegeschaften vun der Ionosphär, Atmosphär an der banneschter Zesummensetzung vun der Venus bestëmmen.
Mariner 5 hat de 19. Oktober 1967 en erfollegräichen Laanschtfluch beim Planéit Venus hannerlooss an hat vill wëssenschaftlech Donneeën geliwwert. Festgestallt gouf, datt d'Venus e mëttleren Radius vu 6051,8 km opweist, kaum ofgeplatt ass an d'Atmosphär opfälleg dicht muss sinn. De Buedemdrock gouf op 75 bis 100 bar geschat an d'Buedemtemperatur op 500 Grad Celsius.
Mariner 6 a 7
Mariner 6 a 7 waren zwéi weider Laanschtfluchsonden. Si sollten de Mars passéieren a besser opgeléiste Fotoen wéi Mariner 4 maachen. D'Disponibilitéit vun der Atlas-Centaur Dréierrakéit hat et erlabt, méi schwéier Sonden ze starten. Mariner 6 an 7 waren 412,8 kg schwéier, dovun waren 57,6 kg fir d'Experimenter. Éischtmols gouf et och eng Programmsteierung u Bord. Weuider hat een de Sonden zwou Kameraen, en UV-Spektrometer an en Infraroutradiometer mat op de Wee ginn.
Mariner 6 war de 24. Februar 1969 gestart. Si gouf op eng schnell Bunn geschéckt an hat de Mars den 31. Juli 1969 passéiert. Doduerch war d'Laanschtfluchdistanz mat 3.430 Kilometer méi kleng wéi bei Mariner 4. Dëst a weider Verbesserungen vu Sender an Empfänger haten et erlabt, e Bild a wéinege Minutten ze iwwerdroen. D'Sond hat schonns aus grousser Distanz 50 Fotoen vum Mars gemach, déi de ganze Planéit weisen, dann beim Laanschtfluch weider 25 Fotoen mat der Wäitwénkelkamera, déi direkt iwwerdroe goufen.
Mariner 7 gouf de 27. Mäerz 1969 gestart. Den 2. August 1969 hat d'Sond 93 Fotoen beim Laanschtfluch gemaach, déi zwou voll Rotatiounen vum Planéit ofdeckten. Beim Passage gouf et weider 33 Biller. Béid Sonden passéierten de Mars op der Südhallefkugel a kartéierten 20 Prozent vun der Uewerfläch. De Buedemdrock an d'Temperaturen konnten genee bestëmmt ginn. Op de Fotoen vu Mariner 7 konnt d'Gréisst vum Phobos, dem gréisseren vun de béide Marsmounden, mat 22,4 × 17,6 km bestëmmt ginn. D’Fotoen, goufen zwou Wochen no der Heemrees vun den Apollo-11-Astronauten publizéiert.
Mariner 8 a 9
Mariner 8 a 9 haten d'Aufgab, éischtmols an engem Orbit ëm de Mars anzeschwenken. Mariner 8 a 9 hunn allebéid 998 kg gewiën, dovu waren 63,1 kg fir d'Instrumenter virgesinn. Dës ware verbessert Versiounen vu Mariner 6 a 7, vergréissert mat engem Infraroutspektrometer. Besonnesch d'Kamera gouf staark verbessert an hat däitlech méi schaarf Biller wéi d’Mariner 6 a 7 gemaach.
Ufanks sollt Mariner 8 eng Kartéierung vum Planéit mat der Wäitwénkelkamera duerchféieren an d’Mariner 9 besonnesch interessant Gebidder mat der Telekamera am Detail ophuelen. No dem Feelstart vu Mariner 8 den 8. Mee 1971, veruersaacht duerch eng futtis Diod am Steiercomputer vun der Centaur-Uewerstuf, gouf de Programm vu Mariner 9 geännert. Mariner 9 war den 30. Mee 1971 gestart. De 14. November 1971 hat d'Sond hirt Dreifwierk fir 915,6 Sekonne gezünnt a war an en 1397 × 17.616 km² Orbit mat enger Inklinatioun vun 64,28 Grad ageschwenkt. Mariner 9 war domat déi éischt ierdesch Sond iwwerhaapt, déi an eng Ëmlafbunn ëm en anere Planéit ageschwenkt war. Zu dësem Zäitpunkt war op dem Mars dee gréisste Stëbsstuerm zënter 1953, soudatt déi éischt Fotoen nëmmen d'Spëtzten vun e puer Vulkane weisen. Am Ufank vum Joer 1972 hat sech d'Marsatmosphär opgeliicht, an de Mariner 9 hat ugefaangen de Mars ze kartéieren. Et goufen och Uewerflächentemperaturen an d'Zesummesetzung vun der Atmosphär bestëmmt.
D'Zäit tëschent der Observatioun vun Detailregiounen gouf vu 5 op 17 Deeg verlängert. All Dag hat d'Sond iwwer 21 Stonnen Fotoen (max. 36 Stéck) op de Bandrekorder gemaach an huat dës während de reschtlechen dräi Stonnen op d'Äerd gefunkt. Schonn am Juli 1971 gouf bemierkt, datt e Lach am Stéckstofftank war, dee mat 176 Bar Drock zu der Lageregelung gedéngt hat. Doduerch war d'Missiounsdauer begrenzt, well elo d'Sond dauernd Stéckstoff verluer, an den Drock gefall ass. No 349 Deeg am Orbit war de 27. Oktober 1972 d'Drockgas um Enn an d'Sond gouf ofgeschallt. Si hat bis dohin 7329 Biller op d'Äerd geschéckt.
Mariner 10
Mariner 10, déi lescht vun der Mariner-Serie, war nees eng Laanschtfluchsond – allerdéngs mat komplexe Bunnmanöver. Si sollt ufanks de sonnenächste Planéit Merkur besichen. Als éischt Raumsond iwwerhaapt hat si e Planéit ausgenotzt, an dësem Fall d'Venus, fir e Swing-By-Manöver, dat d'Sond zum Merkur weiderleet, ze maachen. Fir vun der Äerd an d'Géigend vun der Sonn bei de Merkur ze kommen, muss een der Sond hir Bunnenergie, déi si duerch d'Bunnvitesse vun der Äerd matkrut, ëm ronn 60 Prozent verklengeren. Duerch den ofbremsenden Swing-by konnt amplaz vun der Titan IIIC déi bëlleg Atlas-Centaur als Dréierrakéit gebraucht ginn. Duerch de Gebrauch vun dem X-Band konnten d'Daten méi schnelliwwerdroe ginn. D'Gesamtstartmass war 503 kg. Gebaut gouf d'Sond vu Boeing. D'Instrumenter hunn 78,2 kg gewiën a bestongen aus siewen Experimenter, dorënner zwou Kameraen.
Nom Start vum 3. November 1973 passéiert d'Sond de 5. Februar 1974 d'Venus, vun där si 4165 Biller op d'Äerd iwwerdroen huet. De Merkur gouf fir d’éischt de 29. Mäerz 1974 op enger Distanz vu 705 km passéiert. Heibäi goufen 2450 Biller iwwermëttelt. Domat war fir d'éischt eng Raumsond beim Merkur ukomm. Dësen hat d'Sond an eng 176-deegeg Ëmlafbunn ëm d'Sonn ëmgelenkt. Well de Merkur selwer d'Sonn an 88 Deeg ëmronnt, hunn sech d'Sond an de Merkur no 176 Deeg nees erëmgesinn. De Merkur dréit sech awer och an 59 Deeg eenmol ëm seng eegen Achs a sou dréit hien ëmmer no dräi sideresche Rotatiounen (Stärendeeg) der Sonn och nees déi selwecht Säit zou. Dee nächste Rendez-vous hat den 21. September 1974 op enger gréisserer Distanz (ronn 50.000 km) stattfonnt. Dee leschte Rendez-vous war de 16. Mäerz 1975 op enger Distanz vu nëmmen 375 km. Bei dësem RdV gouf d'Magnéitfeld studéiert. De 24. Mäerz 1975 hat d'Sond keen Dreifstoff méi a gouf ofgeschalt.
Resultater
- De Mariner-Programm gëllt als groussrn techneschen Erfolleg: Et gouf nëmmen dräi Feelstarten (Erfollegquot 70 %), wat fir d'Pionéierzäit vun der Raumfaart e ganz gudde Wäert war.
- D'USA konnt virun der UdSSR als éischt Natioun Fotoe vun alle bannenzegte Planéiten liwweren.
- De Planéit Merkur gouf duerch Mariner 10 zu 45 % fotografesch erfaasst (ongeféier 9000 Eenzelbiller).
- De Planéit Venus gouf vu Mariner 2, 5 an 10 erfuerscht. De Planéit gouf spéider vun der Sowjetunioun méi genee erfuerscht. Nëmmen eng Sond, Mariner 10, hat och Biller vum Planéit gemaach.
- De Planéit Mars hat méi Opmierksamkeet op sech gezunn: Mariner 4 hat ongeféier 1 % vun der Uewerfläch, Mariner 6 a 7 ronn 20 % erfuerscht. Duerch den éischte Mars-Orbiter, Mariner 9, war d'Erstellung vun enger éischter Marskaart gelongen, wann och vu relativ schlechter Qualitéit.
Kuckt och
Referenzen
Um Spaweck
![]() |
Commons: Mariner – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- extrasolar-planets.com – Mariner Sonden
- (en) NASA Mariner Seite
- Dunne, J. A.; Burgess, E.: The voyage of Mariner 10: Missions to Venus and Mercury, Prepared by Jet Propulsion Laboratory, California Institute of Technology, 1978, (NASA-SP-424)
- (en) NASA Technical Reports Server als PDF 25,2 MB in S/W
- (en) Merton E. Davies, Stephen E. Dwornik, Donald E. Gault, Robert G. Strom: Atlas of Mercury, Prepared for the Office of Space Sciences, National Aeronautics and Space Administration Scientific and Technical Information Office, 1978, (NASA-SP-423) a vum NASA Technical Reports Server als PDF 8,5 MB in S/W