Very Large Array




D’Very Large Array (VLA) ass en Interferometer fir astronomesch Observatioune am Radioberäich. D’Anlag steet op engem Plateau vu San Agustin tëschent de Stied Magdalena an Datil a New Mexico an den Vereenegte Staaten, ongeféier 80 Kilometer westlech vu Socorro. D’Teleskop steet op enger Héicht vun 2124 m an ass en Deel vum amerikanesche National Radio Astronomy Observatory.
Opbau
De VLA besteet aus 27 eenzelne Radioteleskope vu 25 Meter Duerchmiesser an engem Gewiicht vun 230 Tonnen, déi op verschiddene Statioune laanscht dräi Y-fërmeg gebaute Schinnen vu je 21 km Längt platzéiert kënne ginn. Nom Prinzip vum Interferometer erreecht et a senger gréissten Ausdeenung d’Wénkelopléisung vun engem Teleskops vun 36 km Duerchmiesser. D’VLA ass am Moment dat emfindlechst Radiointerferometer fir den Zentimeterwelleberäich a schafft bei Wellenlängte vu 0,7–400 cm (entsprëcht enger Frequenz tëschent 43 a 0,075 GHz). Déi bescht Wénkelopléisung huet 0,05 Bousekonne (bei enger Wellelängt vu 0,7 cm).
Normalerweis gi véier verschidde Astellungen vun den Teleskope gebraucht. Déi bezeechent ee mat de Buchstawen A fir déi gréissten Astellung bis D, wann all Schosselen op 600 m zesummegezu ginn. Déi verschidden Astellungen ginn a regelméissegen Ofstänn duerchlaf.
De VLA dengt och als Kontrollzenter fir d’Very Long Baseline Array (VLBA), e Very Long Baseline Interferometry-Array mat zéng 25-Meter-Teleskope déi tëschent Hawaii am Westen an de Jongferninselen am Osten opgeriicht sinn. Doduerch entsteet dat gréissten astronomescht Instrument op der Äerd.
Fir d’Wellelängt λ vu 25 mm (12 GHz) steet eng Basislänt B vu ronn 8000 km zur Verfügung, vun Hawaii bis zu de Jongferninselen. Déi domat erreechbar Wénkelopléisung δ huet ca. 0,6[1] Milli-Bousekonnen (mat δ ~ λ/B * 180/pi * 60 * 60 a Bousekonnen). Géif dës Opléisung am optesche Beräich bestoen, kéint een um Mound Detailler vun engem Meter erkennen.
Geschicht
De VLA gouf an de 1970ern gebaut. Déi éischt Antenn gouf am September 1975 installéiert. D’Anlag gouf 1980 no Käschtepunkt vun 78,5 Millioune USD opgemaach a gëtt vum amerikaneschen National Radio Astronomy Observatory (NRAO) betriwwen.
Eng technologesch Weiderentwécklung zum 'Expanded' VLA (EVLA) ass an Aarbecht. Doduerch kann d’Emfindlechkeet vun den Instrumenter, de Frequenzberäich an d’Opléisungsverméigen weider vergréissert ginn.
Gäscht
D’Anlag ass dat ganzr Joer fir Gäscht am Dag op. Ee Gaschtzenter, e Musee an en Undenkegeschäft souwéi eng Wanderung ginn ugebueden.
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Very Large Array – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Websäit vum VLA